vendredi 23 janvier 2009

Reech mer d'Hand



Reech mer d’Hand



Text: Christiane EHLINGER
Musek: Tun WEBER



Reech mer d’Hand, du kanns mech retten,
Reech mer d’Hand, mir wëlle wetten.
Reech mer d’Hand a sief mäi Frënd,
Een Handschlag, dee verbënnt.

Reech mer d’Hand, hei ass et rëtscheg,
Reech mer d’Hand, hei ass et glëtscheg.
Reech mer d’Hand, du kanns mech halen,
Ech fäerten, ech géif falen.

Reech mer d’Hand a sich kee Sträit,
Reech mer d’Hand, vergiess den Näid.
Reech mer d’Hand a sief kee Béisen,
Ech wollt dech net verdréissen.

Reech mer d’Hand a wënsch mir Gléck,
Reech mer d’Hand, ech brauch et déck.
Reech mer d’Hand an dréck se gutt,
Da kréien ech nees Mutt.

Reech mer d’Hand a féier mech,
Reech mer d’Hand, guidéier mech.
Reech mer d’Hand, weis mir de Wee,
‘t geet vill méi liicht zu zwee.

Reech mer d’Hand, du kanns mech retten,
Reech mer d’Hand, mir wëlle wetten.
Reech mer d’Hand a sief mäi Frënd,
Een Handschlag, dee verbënnt.


_

jeudi 1 janvier 2009

2 0 0 9


Vill Gléck


am Neie Joer

2 0 0 9



-