samedi 11 février 2012

dem Joël säin Text op Lëtzebuergesch


Den Hëllefs-Projet


KANNER fir KANNER

ass och dëst Joer erëm aktiv.
Grad ewéi schonn am Dezember 2010,
wou d'Geie-Professesch Nadja Burdot-Koob
mat hire Schüler en Adventsconcert
am Staadter Conservatoire ginn hat,
a vun deem Benefice en i-Pad fir d'Émilie Lahr
kaaft huet.


De Professer Jean-Claude Salvi
hat eng Photo-Ausstellung
am Festsall vum Kolléisch organiséiert,
an aus dem Geld,
wat erakomm war,
dem Émilie eng digital Spijelreflexcamera
an e Printer geschenkt.
Och dëst Joer soll dem Émilie gehollef ginn,
dat eng Krankheet huet, déi et nëmmen eemol gëtt.
Hatt ass elo just virun 2 Wochen an Amerika operéiert ginn, an nëmmen deen Agrëff huet 277.000
kascht, eng Zomm, fir déi een ewell
e puer zimlech deier Autoe krit.
Dem
Émilie säi Leed a Liewen hänkt eiser ganzer Schoul, dem Lycée Technique de Bonnevoie (LTB),
staark um Häerz.
Mir sammele fir d'Émilie mat engem Lieszeechen,
dat mir fir 2,77 € verkafen.
Wann dir méi wëllt iwwer 'eist'
Émilie wëssen,
da kopéiert iech de Link eraus, iwwer deen dir
och deer kranker Frëndin senger Famill hëllefe kënnt.
Kontakt fannt dir op der Websäit ënnert
der Rubrik 'äis kontaktéieren'.
Wann d'
Émilie iech och mat sengem Misär
um Häerz läit, dann hëlleft och, wannechglifft.
Wann dir nach weider Froen huet
oder Lieszeeche kafe wëllt, da schreift mir iwwer

Dir kommt och um Blog un äis,
deen hei ënnert dem Artikel steet,
an dir gitt do gewuer,
wéi et fir den Ament mam
Émilie steet.
Merci!


> http://www.saveemilielahr.com/

http://kannerfirkanner.blogspot.com/


villmools MERCI, lexroth@pt.lu


_

Aucun commentaire: